Blog

No laanger Zäit ass et endlech esou wäit: Meng nei Säit ass online. Et ass ëmmer spannend wann ech eppes Neies maachen. Meng al Internetsäit war iwwerlieft. Dofir hunn ech elo eng nei! Eng méi modern. Eng souzesoen “up-to-date” Ech ploe mech de Moment domat erëm fir eens ze ginn fir Saachen online ze setzen. Fir Fotoen erop ze lueden. Texter ze schreiwen. Richteg spannend! Ech wëll op dëser Plaz awer zwee Mercien lassginn. Deen éischten geet u mäi Koseng a Frënd Jean-Claude Hennes. Wärend laange Joren huet hien meng al Säit verwalt an ëmmer erëm Saache gefléckt déi ech futti gemaach hat. Meeschtens wousst ech mäi Passwuert mol net fir iergend eppes online ze setzen. Deen zweete Merci geet un de Joshua Majchrzack. Hien ass mäin neien Webdesigner, Webmaster, Helfer in der Not asw. Ech kann hien a seng nei Firma mtc-luxembourg.lu nëmme recommandéieren. Villmools Merci iech zwee!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Entdeckt hei mäin neit Buch!

Lilli

Lilli
13.00
Dem Lilli säi gréisste Wonsch war et, datt hatt eemol d’Leit esou géing erféieren, dass si hiert Liewe laang géinge Gespenster fäerten.
?>