Dem Lilli säi gréisste Wonsch war et, datt hatt eemol d’Leit esou géing erféieren, dass si hiert Liewe laang géinge Gespenster fäerten. Seng Eltere ware sech awer ganz sécher, dass dat net kéint klappen, well d’Lilli einfach ze léif ausgesinn huet. Hatt hat een décke Bauch, ee klénge Kapp an zwee grouss schwaarz Aen. Hatt war wierklech fir ze knuddelen. Kanner, hëlleft dem Lili, dass säin Dram wouer gëtt.
Gedichter a Geschichte fir déi Kleng
€20.00No ongeféier 3 Joer Aarbecht sinn ech frou endlech mäin 3 Buch realiséiert ze hunn. Et handelt sech ëm een Buch fir déi ganz Kleng mat 10 klenge Geschichten, déi a gedichtform geschriwwe sinn. D’Buch huet haart Deckelen, ass faarweg illustréiert an ass also extra robust fir déi kleng Fanger. De Präis läit bei 20€. Bestellungen sinn hei méiglech.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.