Iwwer mech

Een puer Wieder zu menger Persoun



Ech sinn 1975 an der Maternité an der Stad op d’Welt komm. Opgewuess sinn ech an deem wonnerschéinen Lëntgen wou ech elo nach ëmmer wunnen. Matt 16 Joer hunn ech eng Entscheedung getraff déi mäi ganzt Liewen sollt bestëmmen. Ech si Member ginn an der Protection Civile zu Lëntgen.

1996 hunn ech d’Ausbildung als Instrukter an Éischter Hëllef gemaach a vun do un ganz vill Couren am ganze Land gehal. Ech hunn op deem Wee ganz vill Leit kennegeléiert a quasi mäi ganze Frëndeskrees setzt sech aus Leit aus de Rettungsdéngschter zesummen.

Ech hunn als Bouf scho gär geschriwwen. Sief et fir an d’Schülerzeitung “Goldfësch” oder esouguer fir eng grouss lëtzebuerger Dageszeitung wou eemol e puer vu menge Gedichter verëffentlecht gi sinn. Virun e puer Joer hunn ech ee Buch gesicht fir a mengem éischten Kannercours auszedeelen an ech hu keent fonnt. Esou hunn ech kuerzerhand selwer eent geschriwwen. “Erste Hilfe für Kinder – von Kindern” ass bis elo mäi “Bestseller”. Vun do un sinn ech vum schreiwe gepackt a sinn eigentlech ëmmer un iergend engem Projet drun. Et mécht immens Spaass an dat Gefill wann een endlech d’Buch an der Hand huet ass onbeschreiflech. Hoffentlech kann ech dat nach oft erliewen!

A menge Krimien kënnt ëmmer ee bronge Labrador fir. Well déi bescht Iddien komme mir wann ech mat mengem Manni am Bësch ënnerwee sinn. Merci Manni fir deng Hëllef!

Bei deene leschte Gemengewalen sinn ech zu Lëntgen an de Gemengerot gewielt ginn. Ech setze mech virun Allem fir d'Sécherheet vun eise Bierger an. Dofir sinn ech natierlech frou driwwer dass d'Thema Sécherheet mat an eng Komissioun mat agefloss ass wou ech och Member sinn.

Ech freeë mech op all Sitzung vum Gemengerot a kucken esou vill wéi et nëmme geet am Duerf präsent ze sinn. Dëst op Generalversammlungen vun eise Veräiner, Fester, Aweiungen an esou weider. No beim Bierger ze sinn a sech ze weisen ass wichteg. Esou gesäit de Wieler dass hien a seng Intressen anstänneg vertruede ginn. Ganz stolz sinn ech drop dass ech all Gemeng aus der " Circonscription Centre" déi manner wei 3000 Awunner huet, am SICEC (Syndicat intercommunal pour la construction et l'exploitation d'un Crématoire) vertrieden.

D'Matschaffen als Politiker am Crematoire ass fir mech ee wichtegen Deel a passt voll an dat wat mech intresséiert.

Entdeckt hei mäin neit Buch!

Lilli

Lilli
13.00
Dem Lilli säi gréisste Wonsch war et, datt hatt eemol d’Leit esou géing erféieren, dass si hiert Liewe laang géinge Gespenster fäerten.
?>