Stierwen an Doud sinn Tabuthemen. Di meescht Leit setzen sech nëmmen domat auserneen, wann si aus iergendengem Grond selwer betraff sinn. Ee Kolleg stierft oder ee vun der Famill. An dann denkt een op eemol driwwer no. Dëst Buch bitt d’Méiglechkeet sech schon éischter mat deem Thema ze beschäftegen. Et ass awer ee Buch, wat den Dout net nëmmen negativ gesäit. Dofir ass et e faarwegt Buch. Matt ville Fotoen déi weisen, dass den Dout net nëmme schwaarz ass. Sech mam Thema ausernee setzen, hëlleft also schonn am Virfeld den Doud vun engem léiwe Mënsch besser ze verschaffen.
D’Familljerees
€4.00Eemol d’Joer ass et et esou wäit, da geet di ganz Famill Maurer op de Familjenausfluch. Dat ass eng Aventür! Bis jiddereen am Auto setzt an ugestréckt ass. Am richtegen Auto! Well et ass net egal matt wéi engem dass ee matfiert. Deen een dee schaukelt ze vill, do gëtt et dem Monni Misch schlecht ënnerwee. Egal op hee fir oder hanne sëtzt. Deen Auto wou hee matfiert,muss scho méi haart gefiedert sinn. Hee wëll d’Strooss spieren, seet heen. De Problem ass awer dass deen Auto deen am Häertste gefiedert ass, och deen ass, deen am déifste läit. Eran ass kee Problem. Mee eraus. „Oh mei, oh mei, jäizt de Misch ëmmer. Zu véier rappe mir dann un deenen ale Schanken. „Monni Misch“, soe mir ëmmer, „fuer dach mam Louise matt, dat huet eng Jeep. Do kanns du gutt eran a grad esou gutt nees eraus.“ Mee nee, et muss deen haart gefiederte sinn…
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.